
AL Gemeng : Selfmade Vullefudder-Mobilé
16.04.2021Am C1 Grupp hun d'Kanner ee Mobilé mat Fudderquell fir d'Villercher gebastelt.
Fir de Mobilé brauch een folgend Material:
- een zolitten Aascht (net ze deck)
- e puer Farwen fir den Aascht ze molen
- Ficelle
- plastiks Pärelen
- ee klenge Behälter (z.B. Conservendous)
- Vullefudder
Nodeems een den Aascht farweg gemolt huet fixéiert een u béid Enner eng Ficelle mat der een de Mobilé kann ophänken.
Fir dass d'Villercher sech kenne festhaalen mecht e mat de Plastikpärelen 3-4 Streng déi een um Bengel festmecht.
An ee klenge Behälter, deen ee virdrun mat e besse Farw verschéinert huet, fëllt een Vullekären. Dono hänkt een d'Dëppchen un de Mobilé soudass d'Villecher sech kennen zerwéieren.
Vill Spaass beim nobastelen.
» Fotoen