passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou-Pavillon: Ringen und Raufen

14.10.2022

D ‘Aktivitéit « Ringen und Raufen » gouf während der semaine de la santé mentale ugebueden. Bei dëser Aktivitéit ass et dorëms gaangen, de Kanner an engem sécheren Kader mat festen Regelen d’ Geleeënheet ze ginn, bei verschiddenen Spiller géinteneen un ze trieden. Bei esou Spiller stinn d ‘Emotiounen am Virdergrond well d ‘Kanner mussen léieren mat positiven (gewannen)- a negativen (verléieren) Erfahrungen em ze goen.



Virun der Aktivitéit goufen zesummen mat de Kanner Regelen definéiert, virun allem dat wat een nett maachen dierf (engem wéi doen, un den Hoer zeien asw.). Eng wichteg Regel war dass d’ Kanner kennen zu all Moment STOP soen, wat vun jiddwerengem muss respektéiert ginn.

Virun all Spill ginn d ‘Kanner sech symbolesch d’ Hand als Zeechen vun Respekt an Frëndschaft. Et goufen verschidden Spiller wéi z.B dass en den aneren aus dem Krees dréckt oder zitt, en Kand läit op dem aneren an dat Kand wou läit muss sech emdréine, asw... ugebueden.No der Aktivitéit hu mer eis Zäit geholl fir iwwert d ‘Emotiounen ze schwätzen. D ‘Kanner goufen gefrot wéi si sech gefillt hunn an dobäi sinn déi haapt Emotiounen Freet a Roserei gewiescht.

« Ringen und Raufen » ass eng Aktivitéit déi ëmmer gutt bei de Kanner ukënnt an den Emotiounen och déi psycho-motoresch Entwécklung vun de Kanner fuerderen.




» Fotoen