
Reebou: Ausfluch op Réimech
01.07.2024Zesummen mat de Kanner vun Cycles 2 an 3 waren mir ënnerwee zu Réimech fir eng Partie Mini-Golf an eng gutt Glace.
Mir sinn zesummen mam Mini Bus op Réimech gefuer fir un enger flotter Aktivitéit deelzehuelen an hunn do zesummen eng Glace giess.
Vill Kanner hunn nach nie Mini-Golf gespillt an hunn sech immens gefreet. Si hunn et flott fonnt an waren stolz op hir Resultater.
No zwou Stonnen hu mir eis erëm zeréck op de Wee op Beetebuerg gemaach.
» Fotoen