
Sonnepavillon : Näerzeng am Jumm
02.03.2020Freides virun der Fuesvakanz war am Sonnepavillon eng méi lass.
Zesummen mam Schoulpersonal huet d’ Personal vum SEA Sonnepavillon eng flott Fuesparty organiséiert wou souwuel Kleng an Grouss sech gutt ameséiert hunn. Et gouf gelaacht gedanzt an gespillt.
Schonn iwwert d’ Mëttesstonn konnten d’ Kanner sech verkleeden an schminken loossen wann si dat wollten. Um 14.00hrs ass et lass gaangen...
D’ Kanner sinn a Gruppen opgedeelt ginn an hunn mat vill Freed un deenen ënnerschiddlechsten Aktivitéiten, déi an 3 verschidden Raim stattfonnt hunn, deelgeholl.
Den Elteren soen mir en groussen Merci déi fir en gudden, flotten an faarwegen Fuesbüffet gesuergt hunn.
» Fotoen