
Al Gemeng : Ma wou laafen se dann all hin...?
05.08.2019Déi grouss Kanner aus dem SEA hun iwwer e puer Wochen un engem Laaf-Projet deelgeholl.
Dass laafe goen zimlech gesond ass wees all Kand.
Mee dass daat och nach vill Spaass ka maachen hun an deene leschte Wochen 6 Kanner aus dem SEA festgestallt.
Zesumme mat hierer Educatrice hun si ee Laaf-Projet gemach wou si "geléiert" goufen fir richteg ze laafen. Beim Laafen kann een nämlech och villes falsch maachen andeems een sech z.B. net virdrun opwiermt oder ze schnell leeft.
Während 4 Wochen hun d'Kanner daat alles geléiert an hu sech op dee groussen Dag préparéiert. An du war en do; eng Course iwwer 1,2 KM duerch de beetebuerger Laaftreff.
No den Opwiermübungen war dann och schon de Startschoss a mat voller Energie si se all lass gelaaf.
No ustrengenden 8 Minutten ass dunn deen éichten duerch d'Ziel gelaaf.
Et war eng flott Aktivitéit wou et schlussendlech guer kee Verléirer gouf well jiddereen dono ee klenge Prais krut.
» Fotoen