passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mär maachen Panecher

18.02.2021

Loosst iech se gutt schmaachen :-)



Mär brauchen fir 4 Persounen :

- 200 gr Miel

- 400 ml Mëllech

- Eeër

- 1 Prise Salz

- 2 TL Zocker

- Schokola, Gebeess oder Zocker

 

- 1 Schossel

- 1 Mixer

- 1 Panecher Maschinn oder eng Pan

- 1 Zoppeläffel

- 1 Pfannenwender

- 1 Moossbecher

- 1 Wo

 

 

1. Als éischt weien mär 200gr Miel of.

2. Dann schëdden mär 400ml Mëllech bei d’ Miel. Mär vermëschen dat Ganzt mam Mixer bis keng Klompen méi dra sinn.

3. Elo maachen mär eng Prise Salz dobäi. Dann kommen nach d’ Eeër deobäi. Et gëtt erëm alles mateneen mam Mixer vermëscht.

4. Mär maachen 2 TL Zocker dobäi an mëschen nach eng Kéier alles.

5. Elo maachen mär eis Panecher Maschinn un a waarden bis se waarm ass.

6. Wann se bis waarm ass, huelen mär den Zoppeläffel fir den Deeg. Mär maachen den Zoppeläffel net grad voll an schëdden deen op d' Panescher Maschine.

7. Elo waarden mär bis den Deeg fest gëtt. Dann dréien mär den Panech em a loossen en vun der anerer Säit 1 Minutt baken.

8. Wann d’ Panescher goldeg gebak sinn, sinn se fäerdeg.

9. Et kann een, wann ee wëll, Zocker, Schokola oder Gebeess drop maachen.

 

Mir freeën eis op är Fotoen. Dir kënnt eis déi op sea.sonnepavillon@bettembourg.lu eraschécken.

Falls dir aner Rezepter mat ären Kanner baakt oder kacht, géifen mir eis och iwwert dës Fotoen mat Rezept freeën. Vläit kéint jo dann en Kachbuch entsoen.

 

 




» Fotoen