
Al Gemeng : D'Déieren am Bësch erliewen
11.09.2024An der Vakanz waren d'Kanner een Dag op d'Kockelscheier an t'Haus vun der Natur.
Nodeems de Grupp am Haus vun der Natur ukomm ass a jiddereen bei deem warme Wieder mol eppes Guddes a giess gedronk haat, ass et och scho lass gangen.
Mat Hellef vun Biller an e puer ausgestoppten Déieren kruten d'Kanner déi grouss an déi kleng Bewunner aus dem Bësch virgestallt an d'Kanner konnten stolz weisen waat fir eng Déieren si schon alleguer kennen.
Dono kruten d'Kanner d'Aan verbonnen fir mol ze probéieren mat den Oueren, den Hänn an der Nues "ze kucken" waat dann alles ronderëm lass ass.
Daat war richteg spannend.
Zesumme si se dunn an de Bësch gangen wou d'Kanner mat de Luppen op d'Sich no deene klengen Déiere gange sinn.
Zum Schluss gouf nach ee Spill gemach wou d'Kanner konnten mat Moos a mat allem waat se soss nach fonnt hun een Nascht bauen.
Alles an allem war ee ganz flotten Dag wou Kleng (a Grouss) vill Freed haten a vill geléiert hun.
» Fotoen