Reebou-Pavillon: Spill, Spaass a Beweegung am Haff
28.06.2021Fir vum gudde Wieder ze profitéieren, hunn mir spontan entscheet eis Aktivitéit, d ‘Spill ,,Wäscheklameren fänken’’ nett bannen am Motorik Sall, mee dobaussen am Schoulhaff ze maachen.
Bei dësem Spill krut jiddwereen 3 Wäscheklameren hannen un den T-Shirt befästegt. D' Ziel vum Spill ass dass en versicht deenen aneren esou vill Klameren wei méiglech ewech ze huelen. Deen wou am meeschten Klameren huet ass gewonnen.
Bei dësem Spill hunn mir d ‘Kanner an 2 Gruppen opgedeelt, esou dass zwou Équipen géinteneen gespillt hunn. Gruppen Spiller kommen ëmmer gutt un well d’ Kanner en gemeinsamt Ziel erreechen wëllen, an dëst de Gruppen Zesummenhalt fuerdert.
» Fotoen