
Al Gemeng : Ofschlossfeier am Lasergame
13.08.2018All Joer organiséieren d'Educateuren aus der Aler Gemeng eng flott Ofschlossfeier fir déi grouss Kanner déi aus der Grondschoul an de Lycée wiesselen.
Mam Schluss vum Schouljoer heecht et leider emmer fir eng Rei vun de Kanner dass se mussen Äddi soen. Fir dat awer esou flott an agréabel wéi méigelech ze gestalten denken sech d'Educateuren emmer eng flott Aktivitéit aus.
Dëst Joer sin se all zesummen an d'Stad op den Houwald an de Lasergame gaangen wou déi Grouss sech mat deene nach méi Grousse konnte moossen an austoben.
De Spaass an d'Freed waren deemno virprogramméiert.