
Al Gemeng : Am Mëllerdall ennerwee
08.08.2022Vakanzenzait ass Ausfluchszait; deser Deg waren d'Kanner aus der Aler Gemeng mat den Erzéiher een Tour an de Mëllerdall machen.
De Rucksak mam Picknick a mam Wasserbidong op de Bockel a lass as et gang. Um Programm stung spadséieren a klooteren. Kleng Höhlen an daischter Fielsformatiounen hu missen iwwerwonne ginn: Et war richteg spannend.
Dono huet d'Schmier nach eemol sou gudd geschmaacht.
Nom Iessen goufen och e Spiller ennerwee gemaach wou d'Kanner z.B. ennert engem groussen Aascht hu missen erduerchgoen.
Bei der Baach konnten d'Kanner sech gudd amuséieren a sinn iwwert d'Steng balancéiert a hu probéiert fir keng naas Féis ze kréien.
Souguer kleng Molchen hun d'Kanner fonnt déi se dono nees an d'Waasser bei hier Famill gesat hun.
» Fotoen