
Reebou: Ënnerwee am Bësch
03.04.2026Alles dat, wat een normalerweis net gesäit...
Wann een awer méi genee hikuckt, entdeckt een am Bësch eng Welt voller klenger Wonner. All Blat, all Stéck Moos an och déi klengste Stécker Holz erzielen hir eege Geschicht.
Als kleng Naturfuerscher maachen mir eis op de Wee an entdecken, wat en am Bësch alles ka fannen. Mat der Loup hu mir méi genee higekuckt a waren erstaunt wéi villsäiteg d’Natur ass.
Aus all deene klenge Schätz, déi mir fonnt hunn, hu mir faarweg Mandalaen domat gezaubert. Sou entsteet e Konschtwierk aus Naturmaterialien, dat weist, wéi räich an eenzegaarteg eisen Bësch ass.
» Fotoen