
Al Gemeng : Ee Besuch bei de Fligeren
30.09.2019Fligeren fascinéieren Kanner ganz vill. Dofir war eng Visite vum Flughafen eng flott Ofwiesselung zum Alldag am SEA.
Nodeems d'Kanner aus dem SEA Al Gemeng um Findel ukomm sinn waren si fir d'éicht an dee riisege Flughafen kucken wou all d'Leit hin an hier gelaaf sinn fir hiere Fliger net ze verpassen.
D'Kanner konnten sech och d'Fligeren "live" ugekuckt a konnten materliewen wéi se gestart a geland sinn.
Dono gung et op den Cents op d'Spillplatz déi zum Thema Fliger ageriicht ass. Hei kruten si ee gudde Maufel z'iessen a konnten fräi spillen bis et Zäit war fir nees an den SEA zreck ze goen.
» Fotoen