
Al Gemeng : Wann de Kraidergart no Pizza richt
17.06.2024Hmmm, daat do kennen ech, daat richt no Pizza! An daat do no Téi!
D'Kanner aus dem Cycle 2 haten hier helle Freed drun fir Kraider an t'Hochbeet ze planzen.
Vum Thymian iwwert den Oregano an d'Peffermënz bis bei de Péiterséilech an d'Zitronenmelisse ware vill Kraider dobai déi d'Kanner scho gudd kannt hun awer nach net wussten wéi se giffen ausgesinn.
Fir d'alleréischt goufen t'Hochbeet an déi eenzel Backen mat Buedem gefëllt. Dono konnten d'Kanner déi verschidde Planzen an de Bueden setzen an netzen. Déi kleng Backen waren fir d'Ärdbiersplanze réservéiert ob déi sech d'Kanner am meschte freeën.
Beim Richtest ass hinnen opgefall wéivill vun de Kraider si scho kennen a mat waat si daat a Verbindung setzen.
» Fotoen