
Cycle 4 Vakanzaktivitéiten 2026
05.08.2026Sensibilisatiounsdag zum Thema Beanträchtegung an Inklusioun
Haut huet de Cycle 4 un engem spannende Sensibilisatiounsdag zum Thema Beanträchtegung an Inklusioun deelgeholl. D’Zil war et, de Kanner op spilleresch an interaktiv Aart a Weis en Abléck an den Alldag vu Mënsche mat enger Beanträchtegung ze ginn an d’Wichtegkeet vun Inklusioun ze weisen.
D’Kanner sinn duerch fënnef verschidden Ateliere gaangen. Si hunn sech als éischt mat verschiddenen Hëllefsmëttelen an Utensilien auserneegesat an hiert Wëssen an engem Memory-Spill getest. Dono hu si ausprobéiert, Uebst ze schneiden an eng Tranche Brout mat hirer schwaacher Hand ze schmieren – eng Erausfuerderung, déi vill Geschéck verlaangt huet.
Weider stoung en Parcours mam Rollstull um Programm, gefollegt vun enger Rally, bei där d’Kanner mat Rollstull, Rollator a Krétsche ënnerwee waren. Dobäi konnten si selwer erliewen, wéi vill Alldagssituatioune méi usprochsvoll ginn, wann een op esou Hëllefsmëttel ugewise ass. Als Ofschloss hu si nach eng Partie Pétanque am Rollstull gespillt.
De Sensibilisatiounsdag huet de Kanner op eng flott a praktesch Manéier gewisen, wéi wichteg Respekt, Versteesdemech an Inklusioun am Alldag sinn.
» Fotoen