passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Wellness Dag

10.10.2022

Och eis Klengsten hu schon zum Deel ganz stresseg Deg ze bewältegen an do kennt eng roueg Aktivitéit mat de Massagebäll ganz geleeën.



D'Martine hat e puer Kanner an de Rouraum agelueden wou se sech fir d'éicht mol "à l'aise" konnte machen; Schong aus, Pullover aus an rop op d'Kuschelmatratz oder op de Puff. Och um Buedem lëmmëlen war ugesoot.

Dono huet dee klenge Grupp sech an een enke Krees gesaat a sech géigesaiteg mat de Massagebäll masséiert. Fir d'éicht de Reck an de Kapp an dono och nach déi eege Féiss.

Ei daat huet gudd gekribbelt an huet richteg Spaass gemach.




» Fotoen