
Al Gemeng : Mir ginn op d'Sich no de Farwen an der Natur
15.05.2023Endlech koumen nees e puer Deg ouni Reen a schon ass d'Natur mat hiere ville Fréihjorsfarwen erwächt.
Der Deg stung ee grousst Farwespill um Programm.
Mat Loscht a Laun sinn d'Kanner an deen neie Park hannert den Eden Green gangen. Wéi se op der Plaz ukomm sinn hu si eng ganz Rei Farwegaragen op de Buedem geluecht. All Farw krut somat seng Parkplaz an elo war et un de Kanner alles an der Natur ze entdecken waat bei déi verschidde Farwe gepasst huet. Am Fréihjoer ass daat ee flott Spill fir de Kanner d'Natur méi no ze brengen a fir si op d'Schéinheet vun de Farwen an der Natur opmierksam ze machen.
» Fotoen