
Sportshal: Mer danze fir e friddlecht Zesummeliewen
15.05.2024Am Kader vum Projet "S-Team: Setz dech an!",huet den SNJ all d'Kooperatiounspartner opgefuerdert, eng kleng Aktioun ze maachen, fir de 16. Mee, den internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen.
Sou ass d’Iddie opkomm en Danz ze maachen an d’Kanner hu vun de Mëttesstonne profitéiert fir sech eng Musik a Schrëtt rauszesichen. Sou ass eng flott Choreographie entstanen. Well mer de fäerdegen Danz gefilmt hunn, hunn d’Kanner sech ofgeschwat wat se undinn. Den Dag vum filmen hunn se sech d’Hoer gestylt an sech geschminkt. Mer si stolz dass d’Kanner dat sou gutt hi kruten an d’Resultat schwätzt fir sech.
» Fotoen