
Cycle 2 Vakanzaktivitéiten 2026
11.08.2026Entdecken an Ofkillung fir de Cycle 2.
Haut war de Cycle 2 op Besuch am Naturmusée, wou et fir d’Kanner vill Spannendes ze entdecken an ze léiere gouf. Mat vill Virwëtz hu si sech op Entdeckungstour duerch de Musée gemaach an dobäi interessant Abléck an d’Welt vun der Natur an hirer Geschicht kritt.
No deene ville spannenden Andréck am Musée goung et bei de waarmen Temperaturen nach op de Spillplatz. Do konnten d’Kanner d’Waasserspiller genéissen, sech ofkillen an zesumme vill Spaass hunn.
Eng flott Kombinatioun aus Entdecken, Léieren a Spaass, déi fir en ofwiesslungsräichen Dag bei de Vakanzaktivitéite gesuergt huet!
» Fotoen