
Sportshal : Eis Kënschtler stellen aus
04.07.2024Endlech ass et souwäit an d’Kanner kenne weise wat se alles di lescht Woche geschafen hunn.
Mat Hëllef vun engem Erwuessene goufe Biller op Pannoe gehaange woubäi se sech gutt iwwerluecht hu wat fir eng Biller se beieneen hänken. Fir hier Vernissage goufen Aluedungen un d’Eltere geschéckt a se hunn en Eck mat Gedrénks virbereet.
D’Kanner kruten en Diplom well se am Projet sou erfollegräich matgemaach hunn iwwert den se sech immens gefreet hunn. Hier Konschtwierker sinn och wierklech flott ginn an d'Kanner si zu Recht stolz drop.
» Fotoen