
Reebou-Pavillon: Mat Natur Materialien bastelen
24.01.2022Well mir vill Reschter Woll an Saachen aus der Natur vum Bastelen iwwereg haten, hunn mir zesummen mat de Kanner faarweg Woll Bengelen gemat.
Mat Reschter kann en esou vill flott Saachen maachen. Kanner hunn sech e flotten faarwegen Bengel mat Woll emwéckelt, deen si herno als Dekoratioun mat Heem geholl hunn.
Als Preparatioun fir déi kommend Joereszäiten hunn mir och schonn aus Weiden Beem flott Kränz geflecht. Des Kränz ginn e puer Wochen dréchenen gelooss an kennen duerno ëmmer erëm benotzt ginn, fir de Saisonen no ze dekoréieren.
» Fotoen