
Reebou: Geschichtenkoffer
02.05.2023E Koffer voll mat Iwwerraschungen :-)
D’ Kanner duerften à tour de rôle an de Koffer luussen a roden wat se gesinn. Een vun hinnen hat erausfonnt, dass et en Raup war deen mir gesicht hunn. Dunn huet den Raup den Tour gemaach an all Kand duerft en upaken an mir hunn iwwert d’ Entwécklung vun der Raup zum Päiperlek diskutéiert.
Kanner kruten d' Geschicht virgelies an dohinner geluecht an duerno hunn mer se zesummen nach emol verzielt.
Als Ofschloss hunn d’Kanner eng Raup gebastelt an faarweg gemoolt an duerften deen klengen Souvenir matt Heem huelen.
» Fotoen