passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Kürbis schnëtzen

07.11.2023

Passend zu Halloween hunn d‘ Kanner Kürbissen geschnëtzt an se no hirer Virstellung dekoréiert.



D’ Kanner hunn sech fair opgedeelt andeem si ënnert sech ausgemaach hunn wei d’ Virgoensweis vum Kürbis schnëtzen an dekoréieren aus soll gesinn. Sou konnt all Kand mat hëllefen an et war séier kloer, wien wat ze maachen huet.

Als éischt gouf dem Kürbis e Gesicht gemoolt. Dunn gouf de Kürbis opgeschnidden fir den Inhalt vum Kürbis raus ze krazen. An der nächster Etapp war et esou wäit fir dem Kürbis seng Aen, seng Nues a säi Mond mat Hëllef vun der Schnëtz Technik hirzestellen.

Zum Schluss hunn d’ Kanner Acryl Fuerf benotzt fir de Kürbis ze fierwen an passend ze dekoréieren. Vill Spaass haten d’ Kanner bei dëser Aktivitéit.




» Fotoen