passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Wou mir Baseball spillen

01.12.2025

Och sportlech Aktivitéite kënne kreativ gestalt ginn.



D’Kanner hunn sech an zwou Equippen opgedeelt an zesumme Baseball gespillt. Fir et nach méi spannend ze maachen, hu mir d’Reegelen geännert: eng Ronn gouf just mat der Hand geschoss, déi aner Ronn nëmme mam Fouss.

D’Spill war voller Energie, an all Equipe wollt sou vill Punkten wéi méiglech sammelen. Um Schluss konnt déi Equipe mat de meeschte Punkten de Match fir sech entscheeden – mee eigentlech waren se all Gewënner, well Spaass a Beweegung stoungen am Mëttelpunkt.




» Fotoen