passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Wat schwëmmt, a wat geet ënner?

27.07.2026

Déi kleng Sonnefuerscher vum SEA Sonnepavillon hunn e spannend Experiment gemaach.



All Kand ass duerch dat ganzt Haus gaangen an huet 5 Géigestänn gesicht. Dës goufen genee ugekuckt an op engem preparéierte Blat gemoolt. D'Erzéierin huet dobäi opgeschriwwen, wat et ass.

Duerno hu mir zesummen iwwerluecht: Schwëmmt den Objet oder geet en ënner? D'Kanner hunn hir Iddi ugekräizt. Duerno gouf all Géigestand an eng Këscht mat Waasser geluecht, fir ze kucken, wat wierklech geschitt. Zum Schluss hu mir um Blat festgehalen, ob eis Vermutung richteg war.

Esou hu mir mat vill Freed a Neigier d'Eegeschafte vu verschiddene Materialien entdeckt.

Är kleng Sonnefuerscher vum SEA Sonnepavillon




» Fotoen