Al Gemeng : Ee flotten Ausfluch op Remerschen
06.09.2023De Biodiversum zu Remerschen ass mega cool wann een eppes iwwert d'Natur well gewuer ginn.
An deem riisege Gebai vum Biodiversum gëtt ee vill interessant Sachen gewuer iwwert de Liewensraum vun de Villercher an der Natur an iwwert d'Biodiversitéit vum Site "Haff Réimech".
Och wann daat ganzt fir Kanner Oueren zimlech dresche klengt, ass et awer immens flott opgebaut andeems och di Kleng an verschiddene flotten interaktiven Ausstellungen villes kennen kucke, lauschteren, fillen a richen.
No der Visite vum Biodiversum sinn d'Kanner nach iwwert de Site vum Haff Réimech spadséiert wou si d'Villercher konnte an der Natur beobachten.
A si hun och Pärdsbier gepleckt; ei waat waren déi gudd!
» Fotoen