
Sonnepavillon : E flotten Trëppeltour ronderëm de Weier
15.03.2024Zesummen mat de Kanner sinn mir ronderëm de Weier getrëppelt wou mir d’ Natur an allen Zich genoss hunn.
D’ Kanner waren faszinéiert vun deenen ville Blummen déi sech der Sonn entgéint gestreckt hunn. Si hunn de Beien nogekuckt déi ganz fläisseg vu Blum zu Blum geflunn sinn an ob enger Bänk hunn d’ Kanner sech higesat fir Vitamin D ze tanken, d ‘Rou ze genéissen an den Geräischer vun der Natur nozelauschteren.
» Fotoen