passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir sinn d' SEA- Superhelden

30.10.2024

An dëser Aktivitéit molen d’Kanner hire Superheld ganz no hire Virstellungen un. Fir dat ganzt méi flott ze gestalten, peche mir eis Superhelden zesumme matt enger Foto vun eise Gesiichter op e grousst Plakat.



Dës Aktivitéit ass entstan well d‘ Kanner aus dem SEA e gréissert Intressi u Superhelde gewisen hunn.

1. Fir d’éischt hunn d’Kanner hire Superheld ausgesicht an ugemoolt.

2. Dann goufen d’Superhelde mat Hëllef vum Erzéier ausgeschnidden.

3. Natierlech dierfen eis Fotoe vun de Gesiichter net feelen, a goufen op d’Superhelde gepecht.

4. Zesummen hu mir eis eng flott Platz um Plakat ausgesicht an eise Superheld drop gepecht.

Am Alldag sinn net nëmmen d’Elteren oder d’Erzéier Superhelden, mee och eis Kanner.

Dofir gëtt dëst Plakat am Gank opgehaangen fir dass all eis méi kleng Superhelde gesi ginn, déi eisen Alldag verschéineren.




» Fotoen