passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycles 2+3 Vakanzaktivitéiten: 11.08. + 12.08.2020

11.08.2020

Agenten Rallye mam Jugendhaus Wooltz

De Cycle 2+3 huet sech Moies frei op de Wee op Wooltz gemaach, eis Kanner hunn geduecht mir géifen do bësse spadséiere goen an eng kleng Visitt duerch Wooltz maachen!  Mee ënnerwee fir dorop ass hire Bus vun Agente gestoppt ginn, déi Hëllef vun de Kanner gefrot hunn. Nodeems all Kand en speziellen Agententraining absolvéiert huet, hunn se sech zesummen op d'Sich no engem Hacker gemaach, deen all Sozialnetzwierker a Gefor bruecht huet. Duerch déi gutt zesummen Aarbecht tëschent de Beetebuerger an de Wooltzer Agente konnt den Hacker um Enn gefaange ginn.


» Fotoen
» www.wiltz.lu/fr/vie-locale/services-jeunesse/jugendhaus-wooltz