
Al Gemeng : Mir probéieren eng nei Moltechnik
25.03.2024Wann ee beim Molen bis de Fön an d'Streckeisen brauch da gëtt et intressant.
Et ass Ouschterzait an daat heescht d'Kanner bastelen a molen nees vill.
Des Kéier hu si eng nei Technik ausprobéiert fir Fensterbiller mat Ouschterhuesmotiv ze bastelen.
Fir d'éischt hu si den Hues an d'Ouschtereeër no hierer Virstellung mat Waasserfarwen ausgemolt.
Nodeems d'Biller mam Fön gedrechent waren, goufen se vun hannen mat Zalotenueleg ugestrach an dono den Iwwerschoss mat Pabeier ewechgemach.
An lo ass d'Streckeisen an den Asatz komm an d'Biller sin teschent zwou Loën Bakpabeier gestreckt ginn.
A scho sinn d'Fensterbiller mat Ouschterhuesmotiv ferdeg fir opgehang ze ginn.
» Fotoen