Sonnepavillon : Paangecher
05.04.2019D’ Kanner vum Cycle 3.2-4.2 haten den Wonsch een mol an der Mëttegstonn eppes ze baken oder kachen. Dofir hunn mer als Ofschloss vum 2. Trimester nom Mëttegiessen zesummen Paangecher gemaach. Si hunn den Deeg selwer gemaach an all Kand konnt seng Paangecher selwer maachen. Dobäi sinn ganz flott an kreativ Iddien opkomm an et huet ganz gutt geschmaacht.
» Fotoen