passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Virwëtztuten froen no – eng spannend Reportage am Kannermusée Plomm!

05.11.2025

An der Allerhellgen-Vakanz hu Kanner aus dem SEA Sonnepavillon eng ganz besonnesch Erfarung gemaach: zesumme mam SNJ hunn si eng Reportage am Kannermusée Plomm zu Woltz gedréint!



D’Aktivitéit war Deel vum Projet „Virwëtztuten froen no“, bei deem d’Kanner an d’Roll vu richtege Journalisten geschlüpft sinn. Um éischten Dag stoung d’Fro am Mëttelpunkt: Wien sinn eigentlech d’Virwëtztuten – a wat maachen si? Nodeems dat erkläert gouf, konnten d’Kanner auswielen, ob si am Team Reporter oder am Team Technik matmaache wollten. D’Team Technik huet alles iwwert d’Kamera, den Toun an d’Liicht geléiert, wärend d’Team Reporter Froen zesummegestallt huet, déi si spéider dem Personal vum Kannermusée stelle wollten. No engem leckere Spaghetti-Mëttesiesse goung et an den prakteschen Deel: d’Interviewe goufen geüübt, d’Moderatiounsroller verdeelt an d’Virbereedunge fir den eigentleche Reportagedag ofgeschloss. Den zweete Dag huet fréi ugefaangen – d’Rees goung an de Kannermusée Plomm op Woltz, wou d’Kanner schonn vum Elisabeth, enger Mataarbechterin vum Musée erwaart goufen. Déi nächst dräi Stonnen gouf fleißeg gefilmt, gefrot a geléiert. Nieft der ganzer Aarbecht ass och nach Zäit bliwwen, fir selwer am Musée ze spillen an ze entdecken. Zréck zu Beetebuerg gouf dann nach zesumme gebruncht, an d’Kanner hunn ugefaangen, den Video ze schneiden. Elo gëtt d’Reportage vum SNJ fäerdeg gestallt, an all déi Bedeelegt si gespaant op d’Resultater! Zwee Deeg voller Spaass, Kreativitéit an Teamgeescht – eng Aktivitéit, déi weist, wéi vill d’Kanner léiere kënnen, wann se d’Geleeënheet kréien, selwer aktiv ze ginn an nei Welten ze entdecken!




» Fotoen
» erliewen.snj.lu/projet/virwetztuten-froen-no/