
Al Gemeng : Äppelbeignet, hmmm lecker!
06.01.2020Äppelbeignet selwer maachen ass bei wäitem net esou schwéier wéi ee mengt wann een daat Wuert héiert.
Et brauch ee just eng Hand voll motivéiert Kanner, e puer Äppel, Miel, Eer, Mellech an e bessen Zocker. Nodeems een ee flessegen Deg hikritt huet schneit een d'Äppel (ouni Batz) an dënn Scheiwen. D'Äppel gi lo an den Deg gezappt an dono an enger Pann ugebroden.
Fir de Recht gëtt jideree selwer eens..
Mir wënschen op jiddefall ee ganz gudden Appetit a vill Freed beim Nomachen.
» Fotoen