
Al Gemeng : Mir straiche souguer Kéi an eiser Maison Relais
22.04.2024A wann der et net gleewt da kuckt selwer.
D'Sofia huet de Kanner d'Déiere présentéiert. Zesummen hun d'Kanner geléiert wéi d'Hung, d'Schof an d'Kou heeschen. Dono hu se zesummen getest ob si och deene verschiddenen Déieren hier Sproch kéinte schwetzen an hu se nogemach.
D'Kanner goufen och gefroot ob se wéissten waat fir eng Liewensmëttel si vun deenen 3 Déieren gengen all Dag kréien. Vun der Mellech, dem Kéis iwwert d'Eeër wussten d'Kanner ganz gudd bescheed waat vu waat fir engem Déier hierkennt.
Zu gudder Lescht konnten d'Kanner dunn och eng "richteg" Kou straichen an daat war mega Furri.
» Fotoen