
Cycle 1 Vakanzaktivitéiten 2026
10.08.2026Eng Rees an de Weltall fir de Cycle 1.
Den éischten Dag vun der zweeter Woch vun de Vakanzaktivitéiten stoung fir de Cycle 1 ganz am Zeeche vum Weltall an den Astronauten.
Bei engem spannenden Themendag konnten d’Kanner an d’Welt vun den Astronauten, Planéiten a Stären andauchen. Mat vill Fantasie, Virwëtz a Begeeschterung hu si sech op eng kleng Rees duerch de Weltall gemaach an dobäi op spilleresch Aart a Weis Neies entdeckt.
Nieft de verschiddenen Aktivitéite koum natierlech och de Spaass net ze kuerz. D’Kanner konnten zesummen entdecken, kreativ sinn an an d’Roll vu klenge Weltraumfuerscher schlüpfen.
E flotten an ofwiesslungsräiche Start an déi zweet Woch, dee bei eise klengen Astronauten sécher fir vill schéin Erënnerunge gesuergt huet!
» Fotoen