passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : D' Kanner vum SEA Sonnepavillon léieren d' Origami Technik kennen

24.08.2023

Origami ass d' Konscht vum Pabeier falen déi ursprénglech aus dem Japaneschen kennt.

Dëst Aktivitéit war haut eis Kreativ Erausfuerderung.



D' Kanner duerfen mat Hëllef vun den Medien, kléng Videoen, déi Schrëtt vir Schrëtt d' Erklärung gewisen hunn ausprobéieren.

Duerch d' Handhabung vun den Medien haten d' Kanner och d' Méiglechkeet den Video zu all Moment ze stoppen oder zeréck ze spullen.

Esou konnten d’ Kanner no hirem Rhythmus an hirer Autonomie bastelen.

D' Kanner hunn och d' Erfahrung gemaach dass hir ausgewieltenen Origami’en net esou einfach ëmzesetzen waren, wat dozou gefouert huet, dass verschidden Origami’en net zustanen komm sinn.

Ganz nom Motto "Der Weg ist das Ziel", hunn d' Kanner vill Gedold bewisen an hunn net op ginn, onofhängeg dovunner op hiert Resultat erreecht ginn ass oder net.




» Fotoen