passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Monster mega Kichelcher

28.11.2022

Wann et dobausse naas, kaal a sabbeleg ass, dann ass Monsterkichelcher-Baken eng mega cool Aktivitéit.



Vue dass d'Baken eigentlech vum Prinzip hier emmer daat selwecht ass, hu sech d'Alex an d'Mandy eng afale geloos fir et e besse méi witzeg ze machen.

Nodeems Miel, Eer, Botter an Zocker gudd vermëscht waren, gouf den Deg platt gewalzt a mat engem Glas si kleng ronn Kichelcher ausgestach ginn.

An dono koum Farw an d'Spill; lo kruten d'Kichelcher alleguer eng blo Farw an eng Koppel Aan a schon hu se ausgesinn wéi d'Krümlmonster aus der Sesamstrasse.

An d'Krümelmonster rifft emmer: "Kekseeeee!!!"




» Fotoen