passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Kreativ Kéisecker

04.11.2024

Wéi dir bestëmmt scho gemierkt hutt falen esou lues a lues déi faarweg Blieder vun de Beem. Firwat net eppes Flottes zum Thema Hierscht bastelen?



Eis Kanner aus dem Precoce an aus der Spillschoul hunn hiren eegene Kéiseker aus Blieder gebastelt. Dës flott Aktivitéit kënnt och dir selwer doheem nomaachen:

1. Fir d'éischt hu mir eis an zwou Gruppen opgedeelt an déi schéinste Blieder am Haff erausgesicht a gesammelt. Des Blieder hu mir dann an eng Këscht geluecht fir ze dréchnen.

2. Zeréck am Sall ukomm, kruten d'Kanner eng virgezeechent Schabloun vun engem Kéiseker ausgedeelt. D'Bild vum Kéiseker kënnt dir bei de Fotoen eroflueden.

3. Eis Kanner konnten dann entscheeden op si léiwer hier Schabloun matt enger Schéier oder matt enger Picknol a Pickkëssen ausschneiden.

4. Zum Schluss hunn d’Kanner zesumme mam Erzéier déi gesammelt Blieder op de Réck vum Kéiseker gepecht an dann an e Chariot geluecht fir ze dréchnen.

Mir wënschen iech vill Spaass beim Nobastelen.




» Fotoen