
Al Gemeng : Ee Sushi-Atelier mam Kach
02.10.2024D'Kanner aus der Aler Gemeng haten eng flott Kachaktivitéit mam Xavier vun Dussmann.
Zesumme mam Kach hun d'Kanner Sushi gemach. An daat brauch vill Préparatioun. De Rais haat de Kach am Virfeld virbereed well dee soss ze warm gewiecht wier.
Dono war et awer un de Kanner fir d'Geméis ze schielen an a kleng Straifen a Stecker ze schneiden. Den Thon gouf och mam Kach zesumme préparéiert éier alles prett war fir als Sushi gerullt ze ginn.
Si hun dee pescheje Rais um Algeblad verdeelt an no hierer Loscht a Laun mat Thon a Geméis beluecht.
Dono gung et drems fir alles zesummen ze rullen an a Stecker ze schneiden.
D'Resultat war tipp topp an huet och ganz gudd geschmacht.
» Fotoen