
Sportshal: Mer bastelen Telefone
06.06.2024Haut maache mer e klengt Experiment. D’Kanner hunn an engem Buch entdeckt dass en aus Béchsen/Becheren a Schnouer Telefone bastele kann. Dat wollten se du gläich mol ausprobéieren.
Se hunn sech eng stabil Schnouer a Plastiksbecheren ausgesicht. An de Buedem vun de Bechere gouf jee a Lach gepickt an d’Schnouer duerchgezunn a mat engem Knuet befestegt. Op des Aart a Weis goufe jee 2 Bechere mat enger Schnouer verbonnen a fäerdeg ass den Telefon.
Fir ze telefonéiere muss d’Schnouer gutt gespaant sinn, so dass d’Kanner sech mat de Becheren ausernee stelle mussen. Wärend e Kand dann an de Becher schwätzt muss dat anert Kand de Becher bei d’Ouer halen fir ze lauschteren an d’Kanner hunn sech gefreet dass dat funktionéiert. Se plange schonn Telefone mat mei laange Schnoueren ze bastelen.
» Fotoen