passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Kleng Polizisten am Asaz

22.07.2026

Ënnert dem Thema „Polizist a Raiber“ hunn d'Kanner sech an d'Roll vun engem auszubildenden Polizist versat an eng spannend Rallye erlieft.



D'Kanner goufen a verschidde Gruppen agedeelt a kruten zesummen eng Rei vu spannende Missiounen ze meeschteren.
Vu kniwwelege Rätselen iwwer spannend Ermëttlungen bis zu sportleche Parcoursen hunn si all Erausfuerderung mat Bravour gepackt. Mat vill Motivatioun, Teamgeescht a Spaass konnten d'Kanner beweisen, datt richteg kleng Polizisten an hinne stiechen!
E grousse Merci un eis frësch ausgebilten Animateuren, déi dës flott Aktivitéit am Kader vun hirer Formatioun organiséiert a mat vill Engagement encadréiert hunn!



» Fotoen