
Al Gemeng : A waat ass ärt Lieblingsiessen...?
14.11.2022Wéi d'Kanner gefroot goufen waat se an der Vakanz wéilten all zesumme kachen, huet een net lang op d'Äntwert misse warden;
HAAAAAMBURGER!
Nodeems d'Décisioun séier geholl war gung et drems fir zesummen ze kucken waat een dann alles dofir brauch. An d'Kanner wusste gudd Bescheed waat ee brauch fir ee mega gudden Hamburger ze zwaffen: Bréidecher, Fleesch, Zalot, Cornichon, Zwibbel, Tomaten, Kéis, Gewürzer an Zoosen.
Bei d'Gehacktes goufen d'Gewürzer baigemëscht an d'Kanner konnten mat de plakeschen (a gewäschen!) Hänn alles gudd vermëschen an triwwelen. Ei, daat huet Spaass gemach!
Nirwendrun ass d'Zalot gebotzt ginn an d'Cornichon'ën, d'Zwibbelen an d'Tomaten si kleng geschnidde ginn. Hei war Konzentratioun a präzist Schaffe gefroot waat d'Kanner alleguer tip top gemeeschtert hun.
Dono sinn déi kleng Fleeschbullen mat der Hand platt gedreckt ginn éier se um Grill geland sinn.
A scho war de Kanner hiert Lieblingsiessen ferdeg.
Ei waat hun déi Hamburger gudd geschmacht!
» Fotoen