
Sonnepavillon : Mär baken e Brout
15.02.2021Vill Spaass beim Baken :-)
Fir d’ Brout ze baken brauchen mär:
450gr Miel
1TL Salz
1 Pack Speisenatron
400ml Bottermëllech
(Foto 1)
1 Bakblech
1 Schossel
1 Wo
1 Moossbecher
Back Pabeier
Bakuewen Händchen
(Foto 2)
Den Bakuewen op 220 Grad Ëmloft virheizen.
- Als éischt huelen mär eis Schossel an d‘ Wo. Mär weien 450gr Miel of. (Foto 3)
- Duerno maachen mär 1 Pack Speisenatron bei d’ Miel. (Foto 4)
- Dann kënnt 1 TL Salz dobäi. (Foto 5)
- Elo huelen mär den Moossbecher a schëdden 400ml Bottermëllech dran. Duerno schëdden mär alles bei eis Mielmëschung. (Foto 6)
- Dann vermëschen mär alles gutt mat den Hänn. Wann et ze vill pecht kann een nach e bëssen Miel dobäi maachen. Et kann een och nach Bottermëllech dobäi maachen wann den Deeg ze vill dréchen wier. (Foto 7)
- Den Deeg gutt knieden ier en op de Bakblech geluecht gëtt. Duerno eng Boule mam Deeg formen. (Foto 8+9)
- Mat engem Messer Linnen an d‘ Brout schneiden. (Foto 10)
- Dann d’ Brout fir 20 - 25 Minutten an de Bakuewen setzen. Fir ze kucken op d’ Brout gutt ass, pickt een mat engem Messer oder enger Forschette dran. Wann keen Deeg méi um Messer hänken bleift ass d’ Brout fäerdeg. D’ Brout mat Bakuewen Händchen aus dem Bakuewen huelen. (Foto 11+12+13)
D’ Brout muss nach e bëssen ofkillen loossen an dann kann een sech eng gutt Schmier domat maachen. (Foto 14)
Mir freeën eis op är Fotoen. Dir kënnt eis déi op sea.sonnepavillon@bettembourg.lu eraschécken.
Falls dir aner Rezepter mat ären Kanner bakt oder kacht, géifen mir eis och iwwert dës Fotoen mat Rezept freeën. Vläit kéint jo dann en Kachbuch entsoen.
» Fotoen