passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : E klengen Kuch an der Taass

29.08.2023

An eisem klengen Restaurant wollte mir emol op eng aner Aart a Weis baken.



Fir dass all Kand d’ Geleeënheet huet säin klengen Dessert selwer hirzestellen, hu mir eis vir en “Taassenkuchrezept” entscheet.

D’ Rezept war grouss um Flipchart geschriwwen, esou konnten déi méi grouss Kanner d’ Rezept mat deenen benéidegt Liewensmëttelen ofliesen, ofweien an alles selbststänneg preparéieren.

Déi méi jonk Kanner kruten Hëllefstellung vun engem Erzeier.

D’ Material stoung schonn prett an esou konnt et och direkt lass goen.

E puer Läffelen Miel, Zocker, Bakpolver, eng Prise Salz, e bësse Mëllech an 1 Ee, an schonn war eisen Mini Kuch an der Taass zesummen geréiert.

Dësen hunn mir dunn mat engem Glace Bengel personaliséiert an, an de Schäffchen gesat.

Mir wënschen den Kanner e Gudden Appetit




» Fotoen