passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Mir musizéieren

24.10.2022

Musik lauschteren kenne déi meescht vun eis a fannen et och flott. Mee Musik selwer machen mat Instrumenter daat ass nach vill méi flott.



D'Sara huet de Kanner déi verschidden Instrumenter gewisen an hinnen och erklärt wéi se heeschen; vum Triangel, iwwert d'Tromm, de Schellekranz, d'Rësel an dFlüte bis bei de Xylophon war bal alles dobai.

All d'Kanner konnten selwer probéieren wéi d'Instrumenter klengen wa wéi een sech muss uleeën fir dass dee richtegen Toun dobai erauskennt.

Et war ganz intressant an et war och d'Tromm déi de Kanner schlussendlech am beschte gefall huet well een do sou richteg mat Schmackes konnt drop schloen.




» Fotoen