passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Wa Jonk an Al zesumme wibbelen

08.07.2024

Am Kader vum Gemeinschaftsprojet teschent dem Sea Al Gemeng an dem Foyer St Elisabeth stungen fir d'lescht Beweegungsspiller um Programm.



Wann eeler Leit net méi sou gudd op de Been sinn dann heescht daat net dass een sech net méi brauch ze beweegen. Well och am Alter muss de Kierper sou oft a sou vill wéi méiglech a Beweegung gehale ginn fir dass e gelenkech bleiwt.

Bei klenge Kanner ass daat munchmol genau emgedréiht an déi muss een heiansdo bremsen fir dass dee klenge Kierper mol e bessen zur Rouh kennt.

Am Altersheem kruten d'Kanner gewisen waat een alles am setze ka spillen fir seng Ärm ze stärken; vum Keelespillen, iwwert d'Rengwerfen an d'Bäll schéissen war scho villes dobai waat och de Kanner vill Spaass gemach huet.




» Fotoen