passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Geocaching zu Beetebuerg

07.10.2019

Geocaching; eng modern Schatzsuche verbonne mat Bewegung, Spannung a Spaass.

Déi grouss Kanner aus dem SEA waren an der Summervakanz op d'Sich no Cachen (kleng Schätz) hei zu Beetebuerg. Des Cachen sinn iwwert den Online-Portal [www.geocaching.com] ze fannen. Op desem Site fënnt een och all Informatiounen déi ee brauch fir sech mam Geocaching zurecht ze fannen.
Nodeems een sai Geocache ausgewielt huet geet een op d'Sich no de klengen Hinweiser déi meeschtens ganz gudd verstoppt sinn. Am einfachste geet daat mat engem GPS deen engem helleft fir déi genau Koordinaten ze fannen wou ee gezielt muss sichen.
Zum Schluss, wann een de Schatz fonnt huet kann een sech drop androen an domat beweisen dass een e fonnt huet.


» Fotoen