passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Projet - Eis kreativ Hänn

27.01.2020

Am éichten Trimester ass d'Iddi opkomm fir zesumme mat de Kanner eise Krearaum ze verschéineren. De Projet "Eis kreativ Hänn" war gebuer.

Zesummen mat den Educatricen hun d'Kanner hierer Phantasie an hierer Laun fraie Laf gelooss. Lues a lues sinn esou verschidde Konschtwierker entstan mat deenen de Krearaum verschéinert gouf.
An der leschter Aktivitéit stung molen um Programm; jiddereen konnt sech seng Farwen a seng Blieder no Wonsch a Laun auswielen an dono aleng oder zu puer ee Bild molen. An d'Resultater kenne sech weise loossen; kuckt selwer.


» Fotoen