
Reebou-Pavillon: Projet LiteraTour 2022
21.02.2022Am Kader vum Projet Esch 2022 leescht d' Gemeng Beetebuerg en literaleschen Beitrag, andeems se d ‘Literatur an de Mëttelpunkt stellt. Als SEA hunn mir de Kanner verschidden Aktivitéiten am Zesummenhang mat dësem Projet am Reebou-Pavillon ugebueden, dest sait der Rentrée 2021-2022.
Mat de Kanner vum Primär gouf en Hörspill gemat, wou d ’Kanner nom Nolauschteren eng gezielten Aufgab kruten. Des gouf als Quiz-Spill ugebueden. Des weideren gouf och eng Buschtawenzalot mat verstopptenen Wieder an e Gitter Rätsel vu Märecher ugebueden.
Als zweet Aktivitéit hunn d ‘Kanner eng Mol Virlag krit an jiddwereen konnt seng Lieblings Geschicht dra molen, oder eng Seene vun sengem Lieblings Märchen molen.
Et goufen awer och méi spilleresch Aktivitéiten wéi z.B den Storycubes ugebueden, wou bäi d ‘Kanner nett nëmmen hirer Kreativitéit mee och hirer Phantasie fräien Laf konnten loossen.
Bei enger Aktivitéit z.B gouf den Ufank vun enger Geschicht virgeliest an d ‘Kanner konnten selwer en Enn erfannen.
Et goufen och zwee Lies Owender bei eis am Rollenspill Raum organiséiert, wou eng Schrëftstellerin Geschichten virgeliest hunn. D ‘Elteren an d ‘Kanner goufen agelueden.
Bei eis am SEA hunn d ‘Kanner am Alldag ëmmer d ‘Méiglechkeet, sech e Buch aus der Bibliothéik ze huelen an sech zeréck ze zéien.
» Fotoen