passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycle 4 Vakanzaktivitéiten 2026

06.08.2026

Teambuilding an Abenteuer am Marienthal



Am Kader vun de Vakanzaktivitéiten huet de Cycle 4 en Dag am Marienthal verbruecht. Nieft dem Klammen stoung virun allem d’Thema Teambuilding am Mëttelpunkt.

Mat verschiddenen Übungen an Erausfuerderunge konnten d’Kanner erliewen, wéi wichteg Vertrauen, Kommunikatioun an Zesummenhalt sinn, fir als Equipe ze funktionéieren. Besonnesch a schwierege Situatioune gouf séier kloer, datt een nëmme mat gudder Zesummenaarbecht, géigesäiteger Ënnerstëtzung an enger positiver Astellung gemeinsam un d’Zil kënnt.

Nieft de wäertvolle Léiermomenter koum och de Spaass net ze kuerz. Deen ofwiesslungsräichen Dag huet de Kanner vill flott Erfarungen an onvergiesslech Momenter beschéiert.




» Fotoen