passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : En Tour duerch de Mëllerdall

27.08.2021

De Grupp vum Cycle 2.1-3.1 huet ee flotten Dag am Mëllerdall verbruecht, wou si bei engem flotten Trëppeltour d'Natur an all hiren Facetten entdeckt hunn.

Op dem Wee hunn se missten mat Täscheluuchten duerch däischter Fielsen goen. Et ass awer och puer mol laanscht d' Waasser gaangen, wou gestoppt gouf fir dran ze spillen oder sech d' Féiss bei dem waarmen Wierder ofzekillen. Kleng Stécker wou se hunn missten Kloteren waren och dobäi.

Fir sech ze stäerken gouf et een Picknick ënnerwee.


D' Kanner haten een flotten Dag wou si Natur an all hiren Elementer konnten entdecken.




» Fotoen